
© JUSTIN TALLIS AFP
Sou solle virun allem d'Energie a Kannerbetreiungskäschte fir Famillen no ënne gedréckt ginn.
A Groussbritannien wäert de Staat de Stéit dëst an d'nächst Joer mat ëmgerechent 107 Milliarden Euro ënnert d'Äerm gräifen. Domat solle virop d'Käschte fir Energie a Kannerbetreiung fir Famillen no ënne gedréckt ginn, esou de Finanzminister Jeremy Hunt e Mëttwoch bei der Presentatioun vum Budget.
D'Regierung rechent iwwerdeems domat, dass Groussbritannien dëst Joer, trotz héijer Inflatioun, net wäert an d'Rezessioun falen. D'Präisdeierecht, déi aktuell nach bei méi wéi 10 Prozent läit, wäert Enn dës Joers op manner wéi 3 Prozent erofgoen, esou de Minister.
Wéinst där héijer Inflatioun gouf e Mëttwoch iwwerdeems erëm a ville Secteure gestreikt. Honnertdausende Enseignanten, Dokteren, Journaliste vun der BBC an U-Bahn-Chauffeuren hu refuséiert, schaffen ze goen.
A Groussbritannien feelen nom Brexit vill Main d'oeuvre aus der EU. Derbäi komme vill laangfristeg krankgeschriwwe Leit, esou dass méi wéi 1 Millioun Aarbechtsplazen op der Insel aktuell net besat sinn. Déi konservativ Regierung huet iwwerdeems signaliséiert, dass si bereet wier, iwwer fair a verstänneg Haussë vun de Paie mat de Gewerkschaften ze negociéieren, wann d'Leit ophale mat streiken.