De ville Reen an d'Iwwerschwemmungen hu genau déi Regioun getraff, déi uganks Februar scho vum schlëmmen Äerdbiewe getraff gouf.

An der Tierkei sinn e Mëttwoch op d'mannst 14 Mënsche bei Iwwerschwemmungen ëm d'Liewe komm. Dat an där selwechter Regioun, wou uganks Februar esou e schlëmmt Äerdbiewe war. D'Leit si vun den Waassermasse matgerappt ginn. Zanter en Dënschdeg sinn immens Quantitéiten u Reen gefall. Op Biller aus der Regioun gesäit een Autoen a provisoresch Konstruktiounen, fir Leit, déi hiren Daach iwwert dem Kapp verluer haten, fortschwammen.