En Donneschdeg am Nomëtteg huet den Emmanuel Macron no enger Rei Krisesëtzungen decidéiert, fir den Artikel 49.3 vun der Verfassung anzesetzen.
A Frankräich wëll de President Emmanuel Macron d’Pensiounsreform elo awer duerchboxen. Well et der Regierung net gelongen ass, eng Majoritéit ze kréien – just puer Stëmmen hu gefeelt – , huet d’Premierministesch Elisabeth Borne matgedeelt, datt si op den ëmstriddenen Artikel "49-3" vun der Verfassung zeréckgräift.
Dee gesäit vir, datt d’Regierung kann hir Verantwortung iwwerhuelen an e Gesetz ouni Vott am Parlament adoptéiert gëtt, ausser d’Parlament kritt eng Mësstrauens-Motioun géint d’Regierung bannent 24 Stonnen duerch.
An der Assemblée nationale ass et wärend der Deklaratioun vun der Premierministesch Elisabeth Borne héich hiergaang: eng ganz Rei Deputéiert vun der lénker "France insoumise" a vum rietsextreme "Front national" hunn "Demissioun ausgeruff a puer Mol d’Marseillaise gesongen.
D’franséisch Ministesch Elisabeth Borne huet um Schluss gemengt, datt well et an hiren Ae sécher Mësstrauens-Motioune géint si wäerte ginn, d’Parlament um Enn jo awer da wäert iwwert d’Pensiounsreform ofstëmmen.
Zanter Méint streiken reegelméisseg honnertdausende Fransousen géint d’Reform, mat där ënnert anerem de Pensiounsalter vun 62 op 64 soll an d’Luucht gesat ginn.
A Frankräich huet d’Partei vum Emmanuel Macron, Renaissance, zanter de Parlamentswale vu leschtem Joer keng Majoritéit méi an der Assemblée nationale. Dowéinst ass de President ofgesi vu senge Koalitiounspartner ewéi de Modem oder Horizons op d'Stëmme vun anere Parteien ugewisen, fir Gesetzer ze stëmmen.
Op der Place de la Concorde zu Paräis hu sech no der chaotescher Sitzung an der Assemblée Nationale bis um Donneschdeg den Owend e puer Dausend Leit versammelt, fir géint der Regierung hir Decisioun ze protestéieren. Och aus enger Rei anere franséische Stied gi Manifestatioune gemellt. Zum Beispill zu Grenobel, Lyon an zu Marseille.