D'Credit Suisse ass domadder déi éischt global systemrelevant Bank zanter der Finazkris, déi esou eng individuell Rettungsmesure krut.

D'Credit Suisse ass jo schwéier an de Laberenten. Nodeems se zwee Joer laang net aus de rouden Zuel koum, hunn d'Haaptaktionären decidéiert d'Bank net méi ze stäipen.

D'Aktien vun der Credit Suisse sinn doropshin bis zu 30% gefall, wat fir Panik op den Aktie-Mäert gesuergt huet.

D'Credit Suisse gehéiert zu den 30 Banken op der Welt, déi als esou wichteg klasséiert sinn, datt ee se net ka faillite goe loossen, well et ze schlëmm Konsequenze fir d'Welt-Wirtschaft kéint hunn.

D'Regierung an der Schwäiz wäert um Donneschdeg schonn an enger Spezialreunioun zesummekommen, fir iwwert d'Situatioun vun der Credit Suisse ze diskutéieren. D'Versammlung gouf wéinst den Turbulenze bei der zweetgréisster Schwäizer Bank ëm een Dag no vir geréckelt, wéi d'Schwäizer Noriichtenagence aus Regierungskreesser gewuer gouf.