
Archivbild vun enger Editioun vun der "Bild" vum 20. Mäerz 2020 / © Picture-Alliance/AFP / GES-Sportfoto / OLIVER HURST
Wéi et an engem Schreiwes heescht, géif d'Marion Horn elo d'Chefredaktioun vun der gréisster däitscher Dageszeitung iwwerhuelen.
Déi bis ewell Chefredaktere Johannes Boie, Alexandra Würzbach a Claus Strunz goufe vun hire Posten entbonnen. Iwwer méiglech nei Aufgabe bei Axel-Springer wéilt den däitsche Mediekonzern aktuell näischt soen.
Bis de 17. Abrëll de Robert Schneider dozoustéisst, wäert d'Marion Horn de Poste vun der Chefredactrice vu "Bild" a "Bild am Sonntag" eleng iwwerhuelen, ënnerstëtzt vun hire sechs Stellvertrieder, déi de Lead an hire Verantwortungsberäicher iwwerhuelen. D'Marion Horn war schonn eng Kéier un der Spëtzt vun der "Bild am Sonntag".
Vum CEO vun der Bild-Grupp Claudius Senst heescht et, datt een d'Nummer 1 an Däitschland ass an datt et den Usproch wier, "datt och an der Digital Only Ära" ze bleiwen. Et wier redaktionell, organisatoresch a kulturell eng fundamental Transformatioun.
De Mathias Döpfner, CEO vun Axel-Springer, huet nach ergänzt, datt déi zwee nei Chefredakteren fir "eise Wee an d'Zukunft" géife stoen.