Nodeems d'Assemblée nationale d'Gesetz iwwert d'Reform vum franséische Pensiounssystem ouni Vott ugeholl huet, war et op en Neits zu Protester komm.

Eleng zu Paräis haten eng 6.000 Mënschen demonstréiert an et war deelweis zu Eskalatioune komm. Wéi et vun der franséischer Police heescht, hätt ee Waasserwerfer an Tréinegas agesat nodeems d'Demonstranten op der Place de la Concorde e Feier entzünt haten. D'Plaz gouf schliisslech geraumt an 217 Mënsche goufe festgeholl.

Och an anere franséische Stied war et op en Neits zu Ausschreidunge komm. Zu Marseille haten Demonstranten eng Partie Butteker verwüüst a Poubellen ugefaangen. Och zu Lyon, Nantes, Rennes, Lille a Grenoble soll et zu Ausernanersetzungen tëscht den Demonstranten an der Police komm sinn.

Pensiounsalter vun 62 op 64

Déi franséisch Regierung huet sech gëschter op den Artikel 49.3 vun der Verfassung bezunn, fir d’Pensiounsreform ouni Ofstëmmung duerch d’Assemblée nationale ze kréien. Fir d’Oppositioun ass et Politik mam Briecheisen. Gläich zwee Mësstrauensvotten am Parlament muss d’Regierung sech elo stellen. An d’Streiken a Frankräich wäerten zouhuelen.

De 49.3 steet an der Verfassung, d’Regierung huet deemno rechtlech déi Méiglechkeet, mee d’Manöver huet politesch eng Bluttspuer hannerlooss, net nëmmen op de Stroosse vu Paräis no de Protester an dem Vandalismus déi lescht Nuecht bis haut an den Dag eran. Fir de President Macron ass seng Pensiounsreform déi gréissten Erausfuerderung zanter de giele Gileten. Seng Positioun ass geschwächt a nach méi déi vu senger Premierministesch Elisabeth Borne.

Manifestanten a Gewerkschaften hunn zu Paräis haut de Périphérique blockéiert. D’Zuel vun de Streiken uechtert d’ganzt Land wäert zouhuelen an zu weiderem grousse wirtschaftlechem Schued féieren. D’Manéier wéi d’Pensiounsreform ëmgesat gouf – ouni Vott – huet d’Oppositioun weider mobiliséiert an der franséischer Regierung virun Ae gefouert, dass se d’Majoritéit net huet fir hir Reformen ëmzesetzen. E weidere Generalstreik och an der Industrie ass scho fir en Donneschdeg geplangt.