Am Kader vum Sträit iwwert d'Paien am ëffentlechen Déngscht gëtt e Freideg an 2 däitsche Bundeslänner op 4 Fluchhäfe gestreikt.

Betraff sinn d'Fluchhäfen Düsseldorf, Köln/Bonn, Stuttgart a Kerlsuhre/Baden-Baden. Wéi de Verband vun den däitsche Fluchhäfen ADV mellt, hu 583 Flich missen annuléiert ginn. 76.000 Passagéier si betraff.

Um Fluchhafen zu Stuttgart goufen alleguer d'Departen an Arrivéeë vum Dag gestrach.

Dem Chef vun der ADV Ralph Beisel no géifen d'Passagéier duerch d'Warnstreiken als Geisele geholl ginn. D'Dauer an den Ëmfang vun de Streike wieren iwwerdriwwen. Virun allem wann ee bedenke géif, dass d'Fluchgesellschaften an d'Fluchhäfe sech den Ament vun der gréisster Kris an der Geschicht vun der Loftfaart erhuele géifen.