Dat däitscht Parlament huet de Mëtteg fir eng Reform vum Walrecht gestëmmt, mat deem d'Sëtz permanent op 630 Deputéiert limitéiert soll ginn.

D'Propositioun vun SPD, Grüne an FDP krut déi néideg einfach Majoritéit. D'Uniounsparteien an d'Linke fille sech duerch d'Reform benodeelegt a wäerte béid um Bundesverfassungsgeriicht dogéint kloen.