Weider goufen et dann och nees Ausernanersetzungen tëscht der Police an den Demonstranten.

Nodeem schonn um Freideg an an der Nuecht op e Samschdeg d'Sécherheetsautoritéite Waasserwerfer an Tréinegas misste géint verschidden Demonstranten, déi mat Pawee-Steng d'Polizisten attackéiert hunn, asetzen, gouf et um Samschdeg weider Protester.

Well d'Paräisser Prefektur eng Radikaliséierung vun de Protester gefaart huet, huet si d'Demonstratiounen op der Place de la Concorde an op de Champs Elysées verbueden.

Schonn direkt am Ufank vun de Protester goufen Liwwerunge vu Pëtrolsproduite blockéiert, an e Samschdeg gouf dunn déi gréisst Raffinerie vum Land vun der Gewerkschaft CGT viséiert, esou datt dës lues a lues hir Produktioun eroffuere muss. Et dauert e puer Deeg, bis datt dëst ganz geschitt ass. Et ass awer net domadder ze rechnen, datt dëst elo direkt an Impakt op d'Bensinnspräisser hätt. D'Gewerkschaft huet awer gesot, datt si, sollt net op se gelauschtert ginn, e Méindeg zwou weider Raffinerien zwénge wäert, erofzefueren.

Vill Gewerkschaften haten hir Memberen an iwwerhaapt d'Bierger a Frankräich opgeruff, fir de Weekend iwwer weider ze demonstréieren. Dat aus Roserei géintiwwer der Regierung vum Emmanuel Macron, déi d'Reform iwwert d'Pensioun ouni d'Ofstëmmung am Parlament wëll duerchsetzen. Et waren Demonstratiounen zu Paräis, Marseille, Toulon a Montpellier geplangt an och zu Nantes a Brest waren dausende Leit op der Strooss an d'Situatioun ugespaant.

Wéi et vun franséische Medien heescht, wieren e Samschdeg eng 80 Persoune festgeholl ginn.

E Freideg hat d'Regierung kuerze Prozess gemaach an d'Reform ouni Ofstëmmung am Parlament decidéiert. Antëscht hunn zwou Oppositiounsfraktiounen eng Mësstrauensmotioun agereecht. Dës Decisioun vun der Regierung hat direkt Protester provozéiert an esou goufen e Freideg zu Paräis schonn 61 Leit verhaft, zu Lyon 36 Mënschen, nodeem probéiert gouf, e Feier an der Gemeng ze leeën.

RTL

© FIRAS ABDULLAH / Anadolu Agency via AFP

Sollt elo eng absolutt Majoritéit vun den Deputéiert fir eng vun den zwou Mësstrauensmotioune stëmmen, ass d'Pensiounsreform ofgeleent an déi aktuell Regierung muss zerécktrieden. Dann ass et um President Macron, fir entweder eng nei Premierministesch oder en neie Premier ze benennen, respektiv fir Neiwalen auszeruffen.

Eng Majoritéit gëllt als onwarscheinlech, well déi konservativ Republikaner wuel d'Regierung ënnerstëtzen. Sollt keng Majoritéit am Mësstrauensvott erauskommen, gëllt d'Pensiounsreform als ugeholl.

Dës gesäit jo ënner anerem vir, datt den Alter, wéini een an d'Pensioun dierf goen, Schrëttweis vun 62 op 64 Joer eropgesat gëtt. Donieft soll eng Mindestrent vun 1.200 Euro agefouert ginn an d'Aarbecht vu Senioren gefërdert ginn. Ëmfroen no leenen awer zwee Drëttel vun de Bierger an eisem Nopeschland d'Reform of.