
© AMOS GUMULIRA AFP
Schonn Enn Februar hat den Zyklon d'Regioun getraff. Elo wou en iwwert den indeschen Ozean erëm koum, huet en z.B. de Malawi mat voller Wucht erwëscht.
A 6 Deeg huet et esou vill gereent, wéi soss am Normalfall a 6 Méint. Iwwert eng hallef Millioun Leit sinn eleng am Malawi vun de Konsequenze vun der Wiederkatastroph betraff, mellt den UN-Büro fir d'Koordinatioun vun der humanitärer Hëllef. Iwwer 183.000 Leit hu keen Daach méi iwwert dem Kapp.
Am meeschte gelies