2016 soll den Trump enger Porno-Actrice Sue ginn hunn, fir datt si eng méiglech Affär tëscht béide Persounen net soll public maachen.

De fréieren US-President Donald Trump geet dovunner aus, datt hien en Dënschdeg festgeholl gëtt wéinst Reprochen, datt hien 2016 enger Porno-Star Sue ginn hätt, fir eng Affär tëschent hinnen zwee geheimzehalen. Op senger eegener Social-Media-Plattform huet hie seng Supporter opgeruff, dowéinst ze demonstréieren, a gesot, déi Informatioune wieren aus dem Büro vum Procureur vu Manhattan geleakt ginn.

Den Donald Trump soll e puer Woche virun de Presidentschaftswalen 2016 der Actrice mam Kënschtlernumm Stormy Daniels 130.000 Dollar bezuelt hunn, fir roueg ze bleiwen. Den Donald Trump streit of, datt et eng Affär gouf. De Parquet ass am Gaangen, ze decidéieren, ob den Donald Trump soll wéinst enger Strofdot ugesicht ginn. An deem Fall wier hien deen éischten Ex-President, dee wéinst enger Strofdot géing ugeklot ginn.