Den nordkoreanesche Staatsmedien no hu sech honnertdausende Jonker fräiwëlleg an de Militärdéngscht gemellt, fir déi "US-Imperialisten" ze bekämpfen.

Deemno wieren eleng e Freideg 800.000 Vertrieder vun der Jugendliga a vum Studenten aus dem ganze Land an d'Volleksarméi agetrueden. Fotoe vun der Staatszeitung "Rodong Sinmun" weise laang Schlaange virun engem Büro.

Eréischt en Donneschdeg hat Nordkorea eegenen Aussoen no seng gréisst Interkontinentalrakéit Hwasong-17 getest. D'Staatsmedien hunn den Test als Reaktioun op d'Militärmanöver vu Südkorea an den USA bezeechent. Fir Nordkorea géife béid Länner mam gréisste Manöver aus de leschte fënnef Joer enger rouder Linn méi nokommen.

Fir Pjöngjang ass dëst Manöver eng Virbereedung op d'Invasioun vum eegene Land. Ufank Februar hat de Kim Jon Un d'Miltär ugewisen, seng Manöver als Virbereedung op en "echte Krich" ze verstäerken.