Den aktuelle Regierungschef Milo Đukanović huet mat senger Demokratescher Partei vun de Sozialisten d'Land 30 Joer laang regéiert.

An dëser Zäit ass de Montenegro onofhängeg ginn an ass der Nato bäigetrueden. Regierungsgéigner geheien dem aktuelle President awer Korruptioun vir an, dass hien an organiséierter Kriminalitéit verwéckelt wier.

Zanter dass seng Partei virun 3 Joer déi absolut Majoritéit am Parlament verluer huet, gëtt et keng Stabilitéit méi. Zwou Regierunge sinn duerch Mësstrauenvotte gestierzt ginn.

Fir d'Walen e Sonndeg si 7 Kandidaten ugetrueden. Wa keen d'Majoritéit vun de Stëmme kritt, sinn an zwou Woche Stéchwalen fir de Presidenteposten.