Bei enger Partie Äerdbiewen an der Grenzregioun tëscht Peru am Ecuador sinn op d'mannst 15 Mënschen ëm d'Liewe komm.

Bal 400 Leit goufe blesséiert. Vill Haiser sinn duerch d'Biewen aneneegefall. Dat schlëmmste Biewe soll eng Stäerkt vun 6,8 gehat hunn.