
© AFP
An den 8 Joren Krich sinn honnertdausenden Iraker an bal 4.500 US Zaldoten ëm d'Liewe komm.
Bal eng Millioun US-Zaldoten waren am Irak-Krich am Asaz, vill sinn nach bis haut traumatiséiert. Dausenden hu sech dono d'Liewe geholl. D'Regierung vum deemolegen US-President Bush hat de Militärasaz mat presuméierte Massevernichtungswaffen am Irak begrënnt.
Dës hu sech awer als falsch erwisen. Am Dezember 2011 hunn d'US-Zaldoten ënnert dem Barack Obama den Irak verlooss. Den USA ass et net gelongen, am Irak Stabilitéit oder eng funktionéierend Demokratie z'etabléieren.
Am meeschte gelies