Méi wéi eng Millioun Mënsche waren op der Strooss

Däitlech méi Leit wéi bis ewell hunn en Donneschdeg a Frankräich géint d’Rentereform protestéiert. 460 Interpellatioune goufe vum Inneministère gemellt.
Den Inneministère huet vu knapp 1,1 Millioune Mënsche geschwat, d'Gewerkschafte souguer vun 3 an eng hallef Milliounen.
Garen, Raffinerien an Häfe goufe blockéiert. Och deels de Fluchhafen Charles de Gaulle zu Paräis. Vill Schoule sinn zou bliwwen, well d'Léierpersonal gestreikt huet.
Op verschiddene Plaze koum et zu Gewalt. Zu Paräis huet d'Police Waasserwerfer agesat. Zu Lorient an der Bretagne ass den Haff vun der Police a Brand gesat ginn.
Den Inneminister Gérald Darmanin huet a sengem Bilan nom 9. Dag vun de Protester vu 460 Interpellatiounen a ronn 460 blesséierte Polizisten a Gendaarme geschwat. Op der Antenn vun CNews huet de Minister och d'Radikaliséierung vun de Manifestante kritiséiert a mam Fanger virun allem op déi Lénksradikal gewisen. D'extrème gauche wéilt d'Republik attackéieren. Gewalt misst condamnéiert ginn, esou den Darmanin.
D'Roserei an der Populatioun ass op alle Fall nach emol geklommen, nodeems d'Rentereform ouni Vott am Parlament duerchgeboxt gouf. De President Macron sot e Mëttwoch an engem Interview, hie géif net noginn, well d'Reform misst gemaach ginn.