Am Jemen
Méi wéi zwou Millioune Kanner si chronesch ënnererniert

© © UNICEF/UN0773417/Hayyan
E Véierel dovu riskéiert, ouni Hëllef, déi nächste Méint net ze iwwerliewen. Dat huet d’UNICEF wësse gedoen.
Alles an allem wieren 11 Millioune Kanner dringend op humaitäer Hëllef ugewisen, mä déi international Communautéit géif dee Problem leider e bëssen ignoréieren. De Biergerkrich tëscht schiiteschen Huthi-Rebellen an den Truppe vum sunnitesche President Mansur-Hadi dauert elo schonn zanter 8 Joer.
Wann d’Welt-Gemeinschaft net séier eppes géif ënnerhuelen, heescht et vun der UNO, géife weider honnert-dausende Kanner an Ënnerernierung verfalen.
Am meeschte gelies