Eng Waff, mat där eng Zort radioaktiv Tsunamie kéinten ausgeléist ginn, fir Küsten oder Häfen ze zerstéieren, heescht et vu Pjöngjang.

De streng geheime Projet wier um Donneschdeg mat Succès getest ginn.

International Experten halen d'Aussoe vum kommunistesche Regime fir realistesch a schwätze vun enger weiderer Provokatioun a Richtung Südkorea.

Seoul huet a Punkto Defense hir Kooperatioun mat den USA jo nach emol verbessert.