Chauffer blesséiert eng Rei Leit mat geklautem Minibus

© AFP Archivbild
E Freideg de Moie koum et an engem Parkhaus vum Fluchhafe Köln/Bonn zu engem dramatesche Virfall.
Ee warscheinlech psychesch kranke Mann ass do mat engem geklaute Gefier an e puer Foussgänger gerannt an huet dës blesséiert. Op d'mannst dräi Leit wieren dobäi liicht blesséiert ginn, wéi et vun der Police heescht. De 57 Joer ale Mann gouf vun der Police iwwerwältegt an huet sech dobäi gewiert. Zwee Poliziste sinn dobäi verwonnt ginn.
Géint 9.30 Auer soll de Mann an engem Parkhaus de Minibus vun engem, Locatiounsservice geklaut hunn. De Won war do ofgestallt ginn, fir propper gemaach ze ginn. Zeien hunn ausgesot, de Mann wier mam Minibus géint eng Rei geparkten Autoe gefuer an hätt ee Foussgänger ugestouss. Ee Mënsch wier dobäi ageklemmt ginn.
Wéi et heescht, hate Sécherheetsbeamten de Mann virun der Dot schonn zweemol wéinst sengem Verhale vun der Plaz gewisen. Bei der zweeter Kéier gouf et vun der Police dunn och ee Platzverweis.
De Beschëllegte gouf fir medezinesch Ënnersichunge fir d'éischt an e Kölner Spidol bruecht. D'Ermëttlunge gi weider.