Europarot kritiséiert "exzessiv" Policegewalt géint Manifestanten

© AFP/JEFF PACHOUD
D'Kommissärin fir Mënscherechter vum Conseil de l'Europe, d'Dunja Mijatović, appelléiert un déi franséisch Regierung, d'Recht op Streik ze respektéieren.
D'Protester géint d'Pensiounsreform waren an de leschten Deeg deels aus dem Rudder gelaf, wéi Demonstrante mat de Forces de l'ordre unenee gerode sinn. Dobäi sinn an de leschten Deeg iwwer 400 Poliziste blesséiert ginn. Méi wéi 450 Persoune goufe festgeholl. Verschidden Demonstranten hätten d'Forces de l'ordre blesséiert, mee dat géing net e Retour justifiéieren, dass haart géint Demonstrante virgaange gëtt, sou d'Mënschrechtskommissärin vum Europarot, d'Dunja Mijatović.
Zanter e Freideg den Owend zirkuléiert an de franséische Medien och een Audio, op deem Policebeamte 7 jonk Demonstrante menacéieren, déi grad festgeholl goufen:
"Efface ton sourire."
"Tu la ferme ou tu veux la deuxième?"
"T'en veux peut-être une pour te remettre la mâchoire droite".
Dat sinn e puer vun de Sätz, déi falen. Déi franséisch Police-Inspektioun gouf saiséiert.
Wéinst de ville Protester an der Annonce vun de Gewerkschaften, och nächsten Dënschdeg erëm massiv op d'Strooss ze goen, huet de President dem brittesche Kinnek Charles proposéiert déi geplangte Staatsvisitt ze verréckelen. Dës soll elo am fréie Summer nogeholl ginn.