Grenz tëscht Armenien an der Tierkei geet no 30 Joer rëm op

© AFP/Archiv/Karen MINASYAN
1993 huet d'Tierkei d'Grenz mat Armenien wéinst de Konflikter eesäiteg zougemaach. Elo soll se rëm opgoen - awer net fir Tierken an Armenier.
Armenien an d'Tierkei wëllen no 30 Joer hir Grenzen nees dauerhaft opmaachen. An enger Ufanksphas soll dat awer just fir Leit aus Drëttstaaten a fir Diplomate gëllen.
Trotz dem Konflikt hu sech Eriwan an Ankara - pénktlech fir d'Tourismussaison - drop gëeenegt, fir de Grenzverkéier iwwer Land z'autoriséieren, wéi den armeneschen Ausseminister Ararat Mirsojan e Freideg matdeelt.
Fluchtrafic tëscht béide Länner gëtt schonn. D'Tierkei hat d'Grenz am Februar fir d'éischte Kéier opgemaach, wéi Armenien nom Äerdbiewen humanitär Hëllefstransporter a Rettungsdéngschter an d‘Tierkei geschéckt huet.
1993 hat d'Tierkei d'Landgrenz aus Solidaritéit mat Aserbaidschan eesäiteg zougemaach. Fir Armenien, dat bis haut e bluddege Krich mat Aserbaidschan ëm d'Biergregioun Bergkarabach féiert, hat dat schwéier ekonomesch Repercussiounen.