Doru wier "näischt Ongewéinleches", esou de President Putin an der russescher Staatstëlee.

Wéi de russesche President matgedeelt huet, wäert déi russesch Arméi taktesch Atomwaffen am Nopeschland Belarus stationéieren. Dorops hätte sech Moskau a Minsk gëeenegt. Esou de Putin um Samschdegowend. Russland géif domat net géint international Ofkomme verstoussen.

Un der Stationéierung vun takteschen Atomwaffen am Belarus wier "näischt Ongewéinleches", ëmmerhi géifen d'USA zanter laangem taktesch Atomwaffen um Gebitt vun hiren Alliéierte stationéieren. De Putin huet iwwerdeems och annoncéiert, Rakéite mat ugeräichertem Uran asetzen ze wëllen, falls Kiew esou Munitioun aus dem Weste sollt geliwwert kréien.