Zu Nashville am US-Bundesstaat Tennessee huet eng Fra dräi Kanner an dräi Erwuessener erschoss. D'Police konnt d'Täterin neutraliséieren.

Déidlech Schoss-Attack op enger Grondschoul zu Nashville am US-Bundesstaat Tennessee. Eng 28-Joer-al Fra war mat zwee Maschinnegewierer an enger Pistoul op de Site gaangen an huet 3 Erwuessener an 3 Kanner déidlech blesséiert, ier se selwer vun der Police erschoss gouf.

D’Motiv wier nach net kloer, heescht et vun de lokalen Autoritéiten.

Um 10:13 Auer hat d'Police gemellt kritt, datt Schëss an der Covenant School gefall wieren. Wéi d'Beamten op der Plaz waren, hätte Beamten d'Täterin ugegraff, wat dës net iwwerlieft hätt, schreift d'Police op Twitter. Aus Virsiicht wieren aner Schoulen an der Stad gespaart ginn. An der Covenant School, déi 2001 gegrënnt gouf, ginn ongeféier 200 Schüler vun 33 Enseignanten ënnerriicht. D'Klasse reeche vun der Spillschoul bis zum 6. Schouljoer.

An enger éischter Reaktioun sot sech de President Biden bestierzt, an huet nach emol un de Kongress appelléiert, dass seng Propositioun fir e verschäerfte Waffegesetz endlech sollt duerchgoen. Bis ewell gëtt et weider vun de Republikaner an den zwou Kongress-Chambere blockéiert.

RTL