A Frankräich gëtt weider géint déi geplangte Pensiounsreform mobiliséiert

Déi sougenannten Intersyndicale huet um Dënschdeg zum 10. Protestdag opgeruff, fir dass den Text carrément zeréckgezu gëtt.
Tëscht 650.000 an enger Millioun Leit gi sech uechter de ganzen Hexagon nees op der Strooss erwaart, virun allem och Studenten, déi sech de Gewerkschaften ëmmer méi uschléissen. Och ronn en Drëttel vum Léierpersonal am Primaire wëll d’Aarbecht en Dënschdeg néierleeën, sou dass a verschiddene Regiounen d’Schoulen zoubleiwen.
Bei de Protester koum et an der Lescht ëmmer nees zu Eskalatioune vu Gewalt. Dowéinst ass fir en Dënschdeg och massiv Police mobiliséiert ginn.

Déi franséisch Eisebunn ass de ganzen Dag nees ganz staark impaktéiert, grad ewéi och de Fluchverkéier.
Detailer zu de Liaisoune mat Lëtzebuerg gëtt et bei den CFL, respektiv bei Luxairport.