Iwwer 60 Persoune goufen e Méindeg nach vermësst, nodeems eng riseg Schlammlawin an der Stad Alausi erofgaangen ass.

D'Stad läit ronn 300 Kilometer südlech vun der Haaptstad Quito. Op d'mannst 23 Persoune goufe blesséiert, 7 hunn der net iwwerlieft. Dee Bilan riskéiert awer nach ze klammen, well nach iwwer 60 Persoune vermësst ginn.

RTL

D'Rettungsaarbechte lafen op Héichtouren. Ënnert anerem 3 Schoule goufen ënnert dem Schlamm begruewen.

RTL