Zu Lissabon gouf et eng Attack mat engem Messer an engem islameschen Zentrum.

Zu Lissabon gouf et eng Attack mat engem Messer an engem islameschen Zentrum. Zwee Mënsche sinn dobäi ëm d'Liewe komm, zwou weider Persoune goufe liewensgeféierlech blesséiert. De presuméierten Täter soll vun der portugisescher Police ugeschoss a schwéier blesséiert gi sinn. D'Doudesaffer sinn der portugisescher Police no zwou Frae vun ongeféier 20 a 40 Joer.