An der mexikanescher Stad Ciudad Juárez ass an der Nuecht op en Dënschdeg e Feier an engem Zenter fir Migranten ausgebrach.

Wéi et vun der mexikanescher Regierung heescht, wieren op d'mannst 39 Persoune beim Feier ëm d'Liewe komm. E Secourist sot géigeniwwer der Noriichtenagence AFP, dass sech ronn 70 Persounen am Zenter opgehalen haten, wéi d'Feier ausgebrach war.

Ciudad Juárez grenzt un déi amerikanesch Stad El Paso. Vill Migranten, déi versichen, aus Süd- an Zentralamerika an d'USA ze kommen, bleiwen an der Stad hänken, well hinnen déi néideg Dokumenter fir weiderzereese feelen.