"Le Monde"
Perquisitioune bei 5 franséische Banke wéinst Verdacht op Steierhannerzéiung

Bei 5 franséische Banke goufen um Dënschdeg d'Büroen duerchsicht. Dat wéinst dem Verdacht op Steierhannerzéiung am grousse Stil.
Enn 2021 war d'Enquête lancéiert ginn, ënnert anerem wéinst Steierbedruch mat sougenannte Cum-Cum-Geschäfter. Deemno sollen eng Rei Banken auslännesche Besëtzer vun Aktie gehollef hunn, Steieren op Plus-valuen a Frankräich z'ëmgoen. Wéi d'Zeitung Le Monde mellt, wieren d'Société Générale, BNP Paribas, HSBC, Exane, an Natixis am Viséier vun den Enquêteuren.
Am meeschte gelies