Zanterhier gëtt et kee Kontakt méi mam Schëff an dem Equipage vu 16 Mënschen.

D'Reederei probéiert elo, Kontakt mat de Leit u Bord, déi sech an der Zitadell, also engem geschützte Raum, verschanzt hunn, opzehuelen, heescht et vun der Entreprise. Ob den Equipage antëscht als Geisel geholl gouf, ass net gewosst. Den Autoritéite vum Gabun no hätten dräi Männer d'Schëff attackéiert.

RTL