De Vulkan tëscht den Insele Java a Sumatra huet en Dënschdeg véiermol sou vill Äschen an Damp an den Himmel gespaut. 2.500 Meter war d'Äschewollek héich.

Berichter iwwer Affer oder Schied gëtt et nach net.

Fir de Vulkan gëllt no der Serie vun Ausbréch weiderhin déi zweethéchst Warnstuf an d'Sécherheetszon ronderëm de Krater läit domat bei fënnef Kilometer.

2018 ware bei engem Ausbroch vum Anak Krakatoa grouss Deeler vum Krater ofgebrach an an d'Mier gefall. De risegen Äerdrutsch hat en Tsunami ausgeléist, d'Küsteregioun a sëllege Plagen op Java a Sumatra goufe verwüüst. Iwwer 400 Mënsche koumen ëm d'Liewen, Dausende blesséiert.

D'Vulkaninsel Anak Krakatoa ass 1883 entstanen duerch eng katastrophal Eruptioun vum Vulkan Krakatoa. Bei deem Ausbroch deemools si schätzungsweis 35.000 Mënschen ëmkomm an eng 20 Kilometer héich Äschewollek huet sech iwwer déi ganz Regioun geluecht.