Déi 3 Regierungsparteien hu sech op op Mesurë fir en acceleréierten Ausbau vun der Infrastruktur an Ännerungen um Klimaschutzgesetz gëeenegt.

No deeglaange Berodunge si sech d'SPD, déi Gréng an d'FDP an enger Rei Sträitfroen eens ginn an hunn e gemeinsamen Accord publizéiert.

Ënnert anerem soll d'Klimaschutzgesetz geännert ginn. Wéi et vum Parteichef vun der FDP heescht, géingen zum Beispill déi strikt järlech Ziler vun de Secteure fir de Verkéier oder der Infrastruktur vu Gebaier duerch eng iwwergräifend Gesamtrechnung ersat ginn. De Fokus léich "op enger laangfristeg wierksamer, ekonomesch responsabeler a sozial gerechter Transitioun".

Donieft wier eng Flexibiliséierung am Naturschutzgesetz geplangt. Esou soll de Gréngflächenausgläich, also d'Kompensatioun fir de Verloscht vun Naturflächen op anere Plazen, an Zukunft "och duerch eng Geldleeschtung" realiséiert kënne ginn.

Da gëtt de Peage fir Camionen d'nächst Joer an d'Luucht gesat, fir domat Investitioune fir d'Bunn ze finanzéieren. Déi zousätzlech Recettë sollen zu 80 Prozent "an den Ausbau vun der Schinn, an eng modern Bunn fléissen", wéi d'Parteicheffin vun de Gréngen erkläert.

E Kompromëss huet d'"Ampel"-Koalitioun an der Sträitfro fonnt, wéi eng Projete vun der Verkéiersinfrastruktur an Zukunft méi séier geplangt an ëmgesat solle ginn. Ënnert anerem wäert massiv an den Ausbau vun der Eisebunn investéiert ginn, bei den Autobunnen nëmme limitéiert bei verschidden Deeler.

Am Wäermeberäich gouf sech op eng ofgespeckte Versioun vun der Verbuet-Propos fir Gas- an Uelegheizunge vum däitschen Ekonomiesminister gëeenegt. "Et wäert keng Austauschflicht fir bestoend Heizunge ginn, mä Virschrëfte fir nei agebaut Heizungen", huet den FDP-Chef Lindner erkläert.