Rëm Eskalatioune bei Protester: 175 Poliziste blesséiert an 200 Festnamen

© AFP/Christophe ARCHAMBAULT
Am Laf vum 10. Protestdag géint d'Pensiounsreform a Frankräich ass d'Situatioun a verschidde Stied nees eskaléiert an et koum zu Ausernanersetzungen.
Wéi et vum franséischen Inneministère heescht, wieren ënner anerem zu Paräis 175 Poliziste blesséiert ginn, wärend eng 200 Mënsche festgeholl goufen. Zu Paräis goufen och op d'mannst zwee Demonstrante blesséiert.
Obwuel d'Maniffen allgemeng manner gewalttäteg ware wéi an de leschte Wochen, koumen op verschidde Plazen Tréinegas a Waasserwerfer an den Asaz. Am Ganze wieren dem Inneministère no eng 740.000 Demonstranten a Frankräich op de Stroosse par rapport zu enger 3,5 Millioune leschten Donneschdeg.
D'Intersyndical ass iwwerdeems fir Ufank nächster Woch vun der Premierministesch Borne an de Matignon invitéiert ginn.