Wéinst Enveloppen, déi mat engem onbekannte Pudder gefëllt waren, gouf déi schwedesch Police op 18 verschidde Verwaltungsbüroen uechter d'Land geruff.

Wéi déi schwedesch Zeitung "Aftonbladet" schreift, soll den éischte Fall géint 9 Auer moies an der Stad Västerås, ronn 100 Kilometer vu Stockholm gemellt gi sinn. Eng sëlleg weider Fäll uechter dat ganzt Land sinn dunn am Verlaf vun deenen nächste Stonnen dobäikomm, sou dass d'Police an d'Rettungsdéngschter un am ganzen 18 verschidde Plazen urécke missten.

D'Büroe goufen evakuéiert, zu Linköping missten zwou Persounen an zu Blekinge eng Persoun hospitaliséiert ginn, dëst allerdéngs just als Precautioun. Wéi de schwedeschen Tëleessender SVT matdeelt, gouf no enger Analyse vum Pudder festgestallt, dass dëst net geféierlech wier. Ëm wat et sech genee handelt, ass trotzdeem nach ëmmer net kloer.

"Aftonbladet" mellt entretemps, datt op d'mannst ee vun de Bréiwer d'"Déierebesëtzer vu Schweden" als Expediteur hat. An dësem soll stoen, datt d'Verwaltungsbüroen hir Muecht mëssbraucht hunn an d'Déiereschutz-Administratioun misst zougemaach ginn.