Zuel un Doudesaffer no Brand op Fär klëmmt op 31

© Philippine Coast Guard (PCG)/AFP/Handout
Am Süde vun de Philippinnen war op enger Fär e Feier ausgebrach, woubäi op d'mannst 31 Mënsche gestuerwe sinn.
Ënnert den Affer waren dräi Kanner an ee 6 Méint ale Bëbee. An enger éischter Meldung war Rieds vun 12 Doudesaffer, méi spéit goufen awer 18 weider Läichen u Bord vun der Fär entdeckt, wéi de Gouverneur vun der Provënz Basilan, de Jim Salliman, matdeelt.
195 Passagéier a 35 Crew-Membere konnte beim Ongléck virun der Insel Baluk-Baluk gerett ginn, wéi de Gouverneur der Noriichtenagence AFP matgedeelt huet. Donieft goufen op d'mannst 14 Mënsche blesséiert a siwe Leit gi vermësst. D'Zuel vun de Vermësste kéint allerdéngs nach méi héich sinn, well et méiglech ass, datt et Passagéier u Bord gouf, déi net registréiert waren.
D'Feier op der Fär "Lady Mary Joy 3" war um spéide Mëttwochmëtteg fir d'éischt aus ongekläerter Ursaach ausgebrach. Doropshi wiere vill Passagéier iwwer Bord gesprongen, erkläert de Katastropheschutz vun de Philippinnen.