Mënschen aus Afghanistan kréie viraussiichtlech kee Visa méi

Afghanen an der Schlaang fir Liewensmëttelspenden. / © AFP/Archiv/Mohsen KARIMI
Nom Retour vun den Taliban hat Däitschland d'Visa-Prozedur fir Leit aus Afghanistan vereinfacht. Lo gouf d'Beaarbechte vun Demanden awer ausgesat.
Zanterdeem d'Taliban am Afghanistan rëm un der Muecht sinn, ass d'Land nees méi geféierlech ginn. Virun allem Mënscherechtsaktivisten a fréier Beamte mussen ëm hir Sécherheet fäerten. Dowéinst hat d'Bundesregierung iwwer 44.000 Afghanen eng Opnam an Däitschland zougesot.
Ma elo huet déi däitsch Ausseministesch Annalena Baerbock d'Beaarbechte vu Visa-Demandë vu Mënschen aus dem Afghanistan ausgesat. Nodeems et Hiweiser op méiglech Mëssbrauchsversich gouf, sinn d'Prozeduren an den däitschen Ambassaden an der pakistanescher Haaptstad Islamabad an der iranescher Haaptstad Teheran viraussiichtlech ausgesat ginn. D'Decisioun gëllt direkt.
D'Prozedure ginn elo iwwerpréift. An e puer Deeg soll et dann nees méiglech sinn, e Visa unzefroen.