Malawi
Nom Zyklon "Freddy" kéint d'Zuel vun den Doudesaffer op iwwer 1.200 klammen

© AFP/Archiv/Amos Gumulira
Ugesiichts vun der Zäit, déi zanter dem Stuerm vergaangen ass, wier d'Chance, nach Iwwerliewender ze fannen, ganz geréng.
Dat sot e Spriecher vun der malawescher Regierung en Donneschdeg géigeniwwer der Noriichtenagence AFP. Aktuell ginn nom Tropestuerm nach ëmmer 538 Persounen an deem afrikanesche Land vermësst.
De leschten Informatiounen no sinn a Malawi 676 Mënschen duerch den Zyklon "Freddy" ëm d'Liewe komm.
Am meeschte gelies