Bei engem Manöver am Bundesstaat Kentucky waren e Mëttwoch den Owend 2 Militär-Helikopteren aneneegerannt.

Wéi de Generol John Lucas en Donneschdeg op enger Pressekonferenz op der Militärbasis "Fort Campbell" sot, wier et bei enger Übung mat Apparater, fir am Däischteren ze gesinn, zum Accident komm. Kee vun den 9 Zaldoten, déi bei der Übung matgemaach haten, huet den Accident iwwerlieft.

De Gouverneur vu Kentucky Andy Beshear huet vun engem trageschen Dag geschwat. Hien huet de Famille vun den Zaldoten säi Bäileed ausgeschwat.