Dat wéinst der Dréchent, déi op ville Plazen am Hexagon elo scho Méint dauert.

Wéinst dem Klimawandel misst ee sech souwisou op Waasser-Ekonomien astellen, well dës bis 2050 ronn en Drëttel manner zur Verfügung wäert stoen, sou de Macron.

Um Donneschdeg huet de Staatschef e Plang mat 50 Punkte virgestallt, mat deene bis 2030 10% Waasser soll agespuert ginn.

Ënner anerem soll de Waasserpräis gestaffelt ginn, sou datt en héije Konsum deier wäert ginn. Da soll och méi Waasser aus Kläranlagen nach emol benotzt kënne ginn.

Bei franséischen Atomkraaftwierker soll de Waasserverbrauch reduzéiert ginn. Ronn 180 Milliounen € pro Joer sollen deblockéiert ginn, fir beschiedegt Leitungen ze reparéieren.