Et ass eng Première an der US-Geschicht: Fir d'éischt Kéier muss sech e fréiere President wéinst enger méiglecher Strofdot viru Geriicht veräntwerten.

Eng Grand-Jury huet sech amerikanesche Medien no derfir ausgeschwat, dass den Donald Trump ugeklot gëtt, wéinst der Affär ronderëm Gelder, déi hien un d'Porno-Actrice Stormy Daniels soll bezuelt hunn, déi allerdéngs net richteg comptabiliséiert goufen.

Donald Trump ugeklot / Reportage Jean-Marc Sturm

Et geet also ëm sougenannten "Schweigegeld", dat schonn 2016 soll bezuelt gi sinn, well si 10 Joer virdrun eng Affär mam Trump soll gehat hunn. De fréieren US-President streit dat awer of. Sougenannt "Schweigegeld" ze bezuelen, ass an den USA net illegal. Mä Geschäftsdokumenter fälschen oder illegal Walkampf-Finanzéierung sinn awer net erlaabt.

Eisen USA-Korrespondent Philip Crowther gouf zu dësem Thema live am Journal zougeschalt

RTL-Interview mam Philip Crowther
Eisen USA-Korrespondent Philip Crowther gouf zum Thema Trump live am Journal op der Tëlee zougeschalt

Den Donald Trump wëll sech viru Geriicht veräntweren

Wéi dem fréieren US-President säin Affekot e Freideg matgedeelt huet, wéilt den Donald Trump sech an dëser Affär virum Geriicht ze veräntweren. Hie géif sech net a sengem Haus a Florida verkrauchen. An enger éischter Reaktioun hat den haut 76 Joer alen Trump an der Nuecht op e Freideg nach vun enger Hexejuegd geschwat, déi politesch motivéiert wier.

Et ass jo en oppent Geheimnis, dass den Trump d’nächst Joer nees wëll bei de Presidentielle fir d’Republikaner untrieden. Dat wier him, och als verurteelte Stroftäter méiglech, betounen Droits-Experten, och wann dat politesch héich-ëmstridde wier.

Dem Donald Trump säi Bouf Eric huet bei CNN gesot, datt alles géing gemaach ginn, fir sengem Papp ze schueden an hien aus der weiderer Course fir d'Wäisst Haus an an de Prisong ze kréien. D'Amerikaner wieren awer schlau genuch a säi Papp wier een Haarden - e Fiels - a géif gewannen, esou den Eric Trump weider.

Egal wéi: Den Donald Trump wollt an d'Geschicht agoen. Dat huet hien elo gemaach. Esou eppes hat den "tricky Dicky", Richard Nixon, mam Watergateskandal emol net fäerdeg bruecht. Deemools hat deem säin Nofollger Gerald Ford ee penale Präbbeli iwwert hie gespaant an den Nixon begnodegt.