Am Zentrum vun Eschweiler an Nordrhein-Westfalen goufe 15 Mënschen en Donneschdegowend bei enger Gasexplosioun an engem Wunnhaus deels schro verwonnt.

Bei zwee vun de Blesséierte besteet Liewensgefor, wéi e Porte-parole vun der Police e Freideg zu Oochen matgedeelt huet. Ënnert de Verwonnten ass och e Kand. D'Police huet den Alter awer net kommunizéiert. Zwee Pompjeeë goufen iwwerdeems liicht verwonnt.

Géint 21.15 Auer krut d'Police d'Detonatioun gemellt. Do war nach net sécher, wéi vill Mënsche blesséiert goufen. Am Ufank war vun néng Rieds, dës Zuel ass am Laf vun der Nuecht awer geklommen.

D'Onglécksursaach ass nach onkloer, der Police no kann awer e Friemverschëlden net ausgeschloss ginn. De Parquet Oochen huet d'Ermëttlungen iwwerholl.

No der Explosioun war am schwéier beschiedegte Gebai e Feier ausgebrach. Et war och laang onkloer, ob d'Gebai riskéiert, an de Koup ze falen. De Beräich ronderëm gouf dowéinst groussraimeg ofgespaart.

Ronn 160 Mann, Pompjeeën an Hëllefsorganisatiounen, ware bis an d'Nuecht eran am Asaz. D'Awunner goufen an engem Sall vun der lokaler Gemeng betreit a versuergt. Wéinst der relativ staarker Dampentwécklung gouf d'Bevëlkerung iwwerdeems iwwer d'Katastrophewarnapp virum Feier gewarnt.

Op de vum Parquet verëffentlechte Biller gesäit ee vill Debrisen op der Strooss virum massiv beschiedegte Gebai. D'Front vum Buttek um ënneschte Stack ass komplett zerstéiert.