De Poopst François soll e Samschdeg aus dem Spidol entlooss ginn

© AFP Archivbild
Den 86 Joer ale François war jo e Mëttwoch mat enger Otemwee-Infektioun an d'Spidol ageliwwert ginn. Eng Bronchite gouf confirméiert.
Wéi d'Dokteren en Donneschdeg gesot hunn, géif de Geeschtleche gutt op d'Antibioticken uschwätzen. Zanter dem Ufank vum Traitement hätt sech de Gesondheetszoustand däitlech verbessert. Wéi de Spriecher vum Vatikan Matteo Bruni en Donneschdeg matgedeelt huet, wäert de Poopst viraussiichtlech e Samschdeg aus dem Spidol entlooss ginn. Hie wéilt iwwerdeems, wéi geplangt, op Pällemsonndeg d'Mass op der Péitersplaz leeden.
De Gesondheetszoustand vum Poopst hat sech en Donneschdeg schonn esou wäit gebessert, dass hien esouguer d'Kanner-Onkologie vum Gemelli-Spidol, an deem hien ënnerbruecht war, besicht huet.