Nom Bundestag huet och den däitsche Bundesrat säin Accord fir d'Finanzéierung vum 49-Euro-Ticket fir déi däitsch Bunn ginn.

Domat soll een de ganze regionalen ëffentleche Verkéier an Däitschland fir insgesamt 49 Euro notze kënnen. Den Ticket soll den 1. Mee agefouert ginn.

Mam Gesetz, dat e e Freideg den Accord krut, ass de Finanzement vum Ticket bis 2025 geséchert.