Explosioun a Café zu Sankt-Petersburg
Fra verhaft, déi fir Attentat op russesche Krichsreporter soll responsabel sinn

Si soll dem Journalist a Blogger wärend engem Event am Café, eng Statu iwwerreecht hunn, an där Sprengsaz dra verstoppt war.
Dat géife Biller vun enger Iwwerwaachungskamera beleeën.
25 weider Leit goufe bei der Detonatioun blesséiert.
D’Fra wier an der Vergaangenheet scho mi dacks bei Anti-Krichs-Demonstratiounen opgefall, heescht et vun de russeschen Autoritéiten.
Den doudege Journalist, deem säi Blog a Russland gréissere Succès hat, war e groussen Ënnerstëtzer vum Krich an der Ukrain.
Am meeschte gelies