22 presuméiert Waffenhändler uechter Europa festgeholl
© Europol
An enger Europol-Operatioun, déi vu Rumänien a Bulgarien ugefouert gouf, goufen eng 1.600 Waffen a bal 25.000 Unitéite Munitioun saiséiert.
Am Ganzen 31 Länner Länner hu sech un der Aktioun géint Waffenhändler bedeelegt, dorënner och Lëtzebuerg.
Déi meeschte saiséiert Waffe goufen an der Tierkei als Alarm- a Signalwaffe produzéiert a goufen ursprénglech legal a Bulgarien an aneren EU-Memberlänner verkaaft. Wou se bis verkaaft waren, goufe se dunn iwwert d'Grenz geschmuggelt an nogerëscht. Den Ëmwandlungsprozess mécht aus de Signalwaffen déidlech Geschützter, déi deen Ament dann net méi legal sinn. No der Ëmwandlung sinn d'Waffen dann iwwer illegal Kanäl weidergeleet a verbreet ginn.
Am Kader vun der Operatioun goufen 143 Haiser duerchsicht an 22 Leit festgeholl. Nieft de Waffen an der Munitioun goufen och nach sechs Handgranaten, bal 300 Kilo Sprengstoff a bal 300 Detonateure saiséiert.