Donald Trump huet viru Geriicht an allen Uklopunkten op onschëlleg plädéiert
An de leschte Stonne sinn historesch Biller ronderëm d'Welt gaangen. Fotoe vum 45. US-President Donald Trump op der Uklobänk.
Et ass jo fir d’éischte Kéier an der Geschicht vun den USA, dass e Strof-Prozess géint e fréiere President lancéiert gouf.
An engem Geriichtssall zu Manhattan ass en Dënschdeg den Owend eiser Zäit virgelies ginn, wat dem fréieren US-President reprochéiert gëtt. Virop d'Fälschung vun offiziellen Dokumenter, vu Geschäftsënnerlagen.
Den Donald Trump soll am Zesummenhang mat de Walen 2016 systematesch probéiert hunn, schiedlech Informatiounen iwwert hien ze kafen, mam Ziel, se ze vertuschen. Dorënner déi presuméiert Affär mat der Pornoactrice Stormy Daniels, an déi Depensë sollen duerno mat Virsaz falsch deklaréiert gi sinn.
De fréiere President soll dobäi awer net just Dokumenter gefälscht hunn, mä och géint d'Walgesetz vum Staat New York verstouss an déi iewescht Limitt fir Walkampffinanzéierung net respektéiert hunn, huet de Procureur Alvin Bragg op enger Pressekonferenz explizéiert.
Et géife 34 Fäll, an deene probéiert gi wier, mat falschen Aussoen aner Verbriechen ze vertuschen. Op all Eenzelen huet den Trump op onschëlleg plädéiert.
Ronn zwou Stonnen war hien am Ganzen am Geriichtsgebai an huet dat och ouni ëffentleche Kommentar a Richtung Flughafen verlooss. Fir en Donald Trump op eng dach relativ diskret Manéier mat senger Privatmaschinn a Richtung Florida dovu gemaach.
Dem Riichter no kéint de Prozess an dëser Affär ugangs Januar d'nächst Joer ufänken.
Op eng méiglech Kandidatur fir d'Presidentiellen hätt awer souguer eng Verurteelung keng Auswierkungen, well d'Constitutioun an den USA net virschreift, datt een en eidele Casier muss hunn, fir President ze ginn.
Onrouen, déi am Virfeld gefaart goufen, hunn d'Autoritéiten mat hire strenge Sécherheetsvirschrëfte verhënnert.