NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg ass iwwerraschend op Kiew

© DIMITAR DILKOFF AFP
Fir d'éischte Kéier zanter dem Ufank vum russesche Krich an der Ukrain ass den Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg iwwerraschend op Kiew gereest.
Et wier d'Prioritéit vun der Nato sécher ze stellen, datt d'Ukrain sech am Krich duerchsetzt. D'Memberschaft vu Kiew an der Militärallianz géing am Juli op engem Sommet zu Vilnius beschwat ginn.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet no Hëllef gefrot. D'Zécke vun eenzele Memberstaate vun der Militärallianz fir déi Waffen ze liwweren, déi Kiew brauch fir sech géint Russland ze wieren, misst iwwerwonne ginn. E Freideg negociéieren d'Alliéiert vun der Ukrain zu Ramstein an Däitschland iwwert zukünfteg Waffeliwwerungen.