"Bal jiddereen huet een am Krich verluer, wat eis bleift, ass d'Hoffnung"

© Privat
D’Alina Vasylevska ass am Ufank vum Krich an der Ukrain op Lëtzebuerg geflücht, zanter e puer Wochen ass si nees Doheem, zu Kiew.
Flucht aus der Heemecht
De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain attackéiert. Den zweeten Dag vum Krich huet déi deemools 18 Joer al Fra zesumme mat der Famill Kiew verlooss, a Richtung West-Ukrain. Am Ufank wollt déi jonk Fra hir Heemecht net verloossen, eng Frëndin aus Lëtzebuerg sot, si soll an de Grand-Duché kommen. No 2 Wochen huet si sech eleng mam Hond op de Wee Richtung Lëtzebuerg gemaach.

Am Ufank vum Krich huet Russland och déi ukrainesch Haaptstad attackéiert. Op der Foto d'Alina am Keller wärend Bommenattacken. / © Privat
Um 5 Auer moies huet dem Alina seng Mamm si op d'ukrainesch-polnesch Grenz bruecht, d'Famill ass an der Ukrain bliwwen, de Mupp huet sech mat op de Wee gemaach.
"The line at the border was unbelievably long, people stood there for several days, in the cold. We stood for 5 hours, my dog was very cold, and the queue did not move. It was the most painful moment in my life, when I hugged my mother, saw her tears and did not know when I would see her again."
Mam Auto vu Polen op Lëtzebuerg
D'Marianna, déi Frëndin, déi schonn zu Lëtzebuerg gelieft huet, huet a Polen ee Volontaire organiséiert, fir mam Auto op Lëtzebuerg ze kommen. Déi Jonk Fra erënnert sech un all déi Leit, mam Numm, déi hir op der Flucht gehollef hunn.

Mam Auto aus Polen op Lëtzebuerg. / © Privat
Un de Grand-Duché huet déi haut 19 Joer al Fra vill gutt Erënnerungen: "Although it is a small country, it is very clean, beautiful and friendly, people are always smiling. I felt comfort and peace."
"D'Zäit zu Lëtzebuerg war immens"
"Ech hu bal ee Joer zu Lëtzebuerg gelieft, ma ech wollt ëmmer zréck a meng Heemecht, bei meng Famill. Meng Stad huet mir gefeelt. Och wa Lëtzebuerg mer vill ginn huet an et mer gutt gefall huet. Doheem ass Doheem", esou d'Alina Vasylevska.

© Privat
Ugangs vum Joer sinn d'Gedanken, nees Heem ze goe méi konkret ginn. D'Zweiwel, ob et déi richteg Entscheedung wier, sinn ëmmer bliwwen.
"But I'm the kind of person who makes decisions in the moment, I decided in one day that I was going home and a week later I was there."
"Ech wëll, dass dee Krich eriwwer ass"
Haut lieft d'Alina zesumme mat hirem Frënd zu Kiew, de gréissten Deel vun der Famill an de Frënn sinn nees an der Ukrain. "Wat brauch ee méi fir glécklech ze sinn? Dat eenzegt wat ech mer wënschen: Ech wëll einfach, dass dee Krich eriwwer ass", dat sot d'Ukrainerin um Ënn vum Interview.
D'Alina schafft den Ament als Video-Editeur an an engem Parfumsgeschäft. D'Situatioun zu Kiew wier "calme". Et hätt ee sech esou un de Krich gewinnt. D'Liewen an der Ukrain geet weider:
“There is a strong pain in the eyes of every Ukrainian, because almost everyone lost someone in the war, but people have the most important thing - faith.”