Lëtzebuerg huet d'Critèren erfëllt, fir eng éischt Tranche vu méi wéi 20 Milliounen Euro aus dem Resilienzprogramm vun der EU ausbezuelt ze kréien.

Dëst am Kader vum "Next Generation EU"-Instrument, dat déi wirtschaftlech Relance no der Covid-Pandemie soll promouvéieren.

Lëtzebuerg huet mat sengem Plang u konkrete Mesuren eng Enveloppe vu gutt 80 Milliounen Euro versprach kritt. Wann déi Mesuren ëmgesat sinn, kënnen déi Suen dann no an no ausbezuelt ginn.

Fir déi éischt Tranche ausbezuelt ze kréien, huet d'Regierung de Pacte Logement 2.0 mussen ëmsetzen, an d'App MyGuichet.lu entwéckelen. Donieft lafen eng Rei Projeten, ënnert anerem am Beräich vun der Formatioun vu Main d'oeuvre an der Digitaliséierung vum Gesondheetssecteur.

Elo feelt nach de positiven Avis vum Wirtschafts- a Finanzdepartement vun der Kommissioun, an da kann déi éischt Tranche u Subsiden ausbezuelt ginn.

Alles an allem ginn am Kader vum "Next Generation EU"-Programm ganzer 750 Milliarden Euro an den EU-Länner investéiert.