Länner wëlle konstruktiv a stabil Relatioune mat China opbauen

© AFP
Weider goung et och ëm d'Formatioun vun Ukrainer op F-16-Kampffliger an ëm d'Lutte géint humanitär Krisen.
Konstruktiv Relatioune mat China
An der Ofschlossdeklaratioun hunn d'G7-Staate sech och dofir ausgeschwat, konstruktiv a stabil Relatioune mat China opbauen ze wëllen. Ekonomesch wëll ee sech awer méi onofhängeg maachen, wat China net gefält. D'Corona-Pandemie an de russeschen Iwwerfall hätten d'Schwaachstellen an de Liwwerkette vun de Länner op der ganzer Welt opgedeckt. D'Fäll vu wirtschaftlecher Erpressung hätten zougeholl.
E China dat wiisst a sech un d'Reegelen hält, wär wënschenswäert, soen d'G7-Staaten. Virop gëtt u fair Kompetitivitéit appelléiert, fir Entreprisen a Salariéen. Déi chineesesch Politik, wat den Transfert vun Technologien an Donnéeën ugeet, wär net konform mam internationale Marché an dat misst ugeschwat ginn.
China huet schaarf op d'Deklaratioun vun de G7 reagéiert. Dat wären Attacken an eng Amëschung an national Ugeleeënheeten.
F-16 fir d'Ukrain si Message u Russland
Et wär e wichtege Message u Russland, seet den däitsche Kanzler Olaf Scholz um G7-Sommet a Japan iwwer de Plang, ukrainesch Piloten op den F16-Kampfjetten auszebilden.
Virop d'USA awer och aner Staaten hu weider Waffeliwwerungen zougesot. De Putin wäert eis Determinatioun net briechen, dat huet den US-amerikaneschen President Biden nom Sommet virun der Presse betount.
Allerdéngs géif eng Liwwerung vun de Fligeren nach eng ganz Zäit daueren. Däitschland géif sech dorun net bedeelegen. Déi gehéieren net zum Inventar vun der Bundeswehr, si ginn an den USA produzéiert.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet zu Hiroshima Merci gesot fir d'Decisioun, eng Kampfjet-Koalitioun an d'Liewen ze ruffen. Och hie rechent awer net, dass d'ukrainesch Arméi där Fligere geschwë kritt.
Och Indien, dat bei dësem Sommet als Gaascht invitéiert war, soll sech fir e séiert Enn vun dësem Krich ausgeschwat hunn. Allerdéngs kritt Indien Waffen a bëlleg Energie aus Russland. D'EU-Kommissiounspresidentin huet sech awer iwwerzeegt gewisen, dass Indien sech als Vertrieder vum Internationale Recht fir déi richteg Säit decidéieren wäert.
21 Milliarden US-Dollar géint den Honger an der Welt
Déi siwe grouss Industrienatioune wëllen dëst Joer nach 21 Milliarden US-Dollar mobiliséieren, fir humanitär Krisen ze meeschteren. D'Suen solle virun allem géint den Honger agesat ginn. Regional Landwirtschaft an den Handel a betraffene Regioune sollen gestäerkt ginn. International Hëllefsorganisatioune bedauert dës Resolutioun vun Hiroshima. Mat Bléck op déi reegelméisseg milliardeschwéier Waffeliwwerungen an d'Ukrain, wären 21 Milliarden géint den Honger net vill, beklot Oxfam.
D'Vereent Natiounen haten de Besoin am Virfeld vum G7-Sommet op 55 Milliarden Dollar chiffréiert.