Den Undrang fir en Turnéier an der Haaptstad San Salvador wär enorm gewiescht, heescht et vun den Offiziellen.

Ausléiser war wuel eng Sécherheetsofspärung, déi ëmgefall ass, wouduerch d'Leit vill méi no beienee geréckelt sinn a Panik ausgebrach ass.

Nom Tëschefall, bei deem op d'mannst 12 Leit ëmkomm sinn, gouf de Match tëscht den Ekippen Alianza an FAS gouf ofgesot. D'Sécherheetspersonal hat Spectateuren aus dem Stadion evakuéiert.

Iwwer 500 Persounen sinn nach a medezinescher Behandlung, 100 dovun am Spidol. Op d'mannst zwee vun hinne sinn nach en engem kriteschen Zoustand, heescht et vun den Autoritéiten, déi och annoncéiert hunn, datt eng grouss Enquête wäert lancéiert ginn.